Vir do méi gewuer ze gi, stellen déi honorabelen Deputéierte Fred Keup an Tom Weidig dem Här Inneminister, déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Aus diverse Pressematdeelunge vun der Police Lëtzebuerg aus de leschte Méint gëtt ee gewuer, datt eist Land, a besonnesch d’Stad Lëtzebuerg, aktuell mat enger Rei vu Raubdéifställ konfrontéiert gëtt, bei deene Passanten, dacks bei Undroe vu Gewalt, hir Halsketten oder aner Wäertgéigestänn geklaut kréien.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister preziséieren, a wéi enge Gemenge vum Land, bzw. a wéi enge Quartiere vun der Haaptstad, et an de Méint Juni bis November 2025 zu Raubdéifställ komm ass, bei deene Passanten, dacks bei Undroe vu Gewalt, hir Halsketten oder aner Wäertgéigestänn geklaut kruten?
- Wéi vill Fäll sinn insgesamt fir dësen Zäitraum a fir dës Form vu Kriminalitéit dokumentéiert?
- Wéi vill verdächteg Persoune konnten an deem Zesummenhang ermëttelt a festgeholl ginn?
- Eis ass zu Ouere komm, dass verschidde Poliziste gesot hätten, déi meescht vun dëse verdächtege Persoune kéimen aus dem Maghreb. Kann den Här Minister dës Informatioun confirméieren, bzw. eppes zur Hierkonft an zum Wunnsëtz vun de verdächtege Persoune soen?
- Koum et an de leschte Méint am Zesummenhang mat der uewe beschriwwener Form vu Kriminalitéit schonns zu Verurteelungen? Wa jo, wéi eng Strofe goufen dobäi ausgesprach? Wann nee, wéi eng Strofe riskéieren déi verdächteg Persounen?
- Ganz allgemeng schéngt sech d’Place Emile-Hamilius an der Stad zu engem “Hotspot” vun dëser Form vu Kriminalitéit entwéckelt ze hunn. Kann den Här Minister confirméieren, datt et op dëser Plaz an de leschten dräi Joer zu enger Heefung vu Raubdéifställ an anere kriminellen Aktioune komm ass? Wa jo, ginn et op Säite vun der Regierung Iwwerleeungen, fir op dëser Plaz erëm e Kommissariat anzeriichten?
Mat déiwem Respekt,
Fred Keup Tom Weidig
Deputéierten Deputéierten