Radare solle méi Sécherheet bréngen, net méi Suen an d’Staatskeess, mengt de Gast Gibéryen

Fir méi Sécherheet a manner Affer op eise Stroossen huet sech de Gast Gibéryen den 8. Juli an der Chamber ausgeschwat. Dofir huet d’ADR sech och fir déi 20 fix an 6 mobil Radaren ausgeschwat, déi zu Lëtzebuerg sollen an den Asaz kommen. Si misste prioritär do agesat ginn, wou séier gefuer gëtt a wou och vill Akzidenter geschéien. Gutt wär, datt se kloer gezeechent ginn: Dat géing beweisen, datt et net drëm geet d’Staatskeess ze fëllen, mä drëm, esou mann wéi méiglech Afer am Stroosseverkéier ze hunn.

Deel dëse Post: