[BEÄNTWERT] Remboursement d’implants dentaires

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

D’Remboursementer vun der Gesondheetskees, respektiv der Staatsbeamtekrankekeess, si fir vill Leit vu grousser Wichtegkeet fir sech kënnen déi medizinesch Traitementer ze leeschten, déi si brauchen. Si droen domat och e wichtegt Stéck dozou bäi fir eng Zwou-Klasse-Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg ze verhënnere;, déi eng, déi sech kënnen anstänneg medizinesch Soine leeschten an déi aner, déi dat eben net kéinten.

Wat d’Zännimplantater ugeet, schéngt et allerdéngs esou ze sinn, datt se net an der Nomenklatur vun de medizineschen Akten an Déngschtleeschtunge vun den Dokteren an Zänndokteren opgezielt ginn, op déi sech d’Krankekeese beruffen, wann si iwwer Remboursementer decidéieren.

An deem Zesummenhank wéilt ech dem Här Gesondheetsminister dës Froe stellen:

  1. Wéi ass d’Positioun vun der Regierung iwwer de Remboursement vun Zännimplantater?
  2. Ass d’Regierung bereet, fir Initiativen ze huelen, fir datt sou Implantater an Zukunft rembourséiert ginn ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé

Deel dëse Post: