[BEÄNTWERT] Etude sur le rôle et la participation des femmes

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Chancëgläichheetsministesch an un d’Madame Héichschoulministesch weiderzeleeden.

Am Kader vun engem Interview, deen deslescht an enger Lëtzebuerger Zäitschrëft publizéiert gouf, huet de Studiendirekter vun TNS Ilres dës Ausso gemaach: „Vor längerer Zeit wurden einige unserer Resultate über die Rolle und Partizipation der Frauen in Zusammenarbeit mit dem ehemaligen „Centre Universitaire” nicht veröffentlicht. Der Auftraggeber, das damalige Frauenministerium, hat einen Bericht einfach unter den Tisch fallen lassen.“

Dowéinst wéilt ech der Madame Chancëgläichheetsministesch an der Madame Héichschoulministesch dës Froe stellen:

  1. Op wéi vill belafe sech d’Käschte fir d’Etude, déi an deem Interview ugeschwat gëtt?
  2. Wéini ass déi Etude duerchgeféiert ginn?
  3. Aus wéi enge Grënn huet den deemolege Fraeministär déi Etude net ëffentlech gemaach?
  4. Ëm wat ass et an där Etude gaangen?
  5. Firwat huet de Fraeministère déi Etude an Optrag ginn ?
  6. Wat war d’Zil vun där Etude?
  7. Wat sinn d’Conclusioune vun där Etude?
  8. Wier d’Madame Chancëgläichheetsministesch bereet, déi Etude ëffentlech ze maachen oder se wéinstens der Chancëgläichheetscommissioun ze kommuniquéieren?
  9. Gëtt et nach aner Etuden oder Ëmfroen, déi de Fraeministère, respektiv de Chancëgläichheetsministère, an Optrag ginn huet an déi net publizéiert goufen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Françoise Hetto-Gaasch, Ministre de l’Egalité des Chances; Madame Martine Hansen, Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche

Deel dëse Post: