[BEÄNTWERT] Documents secrets concernant le réseau “Stay behind” publiés dans la presse

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, des Drénglechkeetsfro un den Här Staatsminister weiderzeleeden.

Den 10. Abrëll 2013 huet sech RTL op eng Rei vun Dokumenter bezunn, déi hinnen zougespillt gi waren an de Stempel « Très secret », respektiv « Top Secret » droen. Déi Dokumenter goufen och – op d’mannst zum Deel – um Site www.rtl.lu publizéiert.

Déi Dokumenter – hir Authentizitéit eemol virausgesat – stame vum SREL a concernéieren de Réseau « Stay behind » (SB).  

An deenen Dokumenter sinn och Donnéeën, déi auslännesch Servicer betreffen. Ausserdeem gëtt et och eng Lëscht mat den Nimm vun de fréiere Membere vun deem Réseau SB, woubäi en Deel geschwäerzt gouf fir engem méi grousse Public d’Identifizéierung vun de Betreffenden net ze erméiglechen. Et ass awer net gewosst, ob déi Leit, déi bei RTL schaffen, déi Nimm gesinn hunn.

Déi Leit am Réseau « Stay behind » wore bereet grouss perséinlech Risken am Fall vun enger feindlecher Besetzung vun eisem Land ze droen. Eist Land schëllegt hinnen net nëmmen Dankbarkeet, déi de Staatsminister Santer hinne jo och schrëfttech ausgedréckt hat, mä och dauernde Schutz. De Staat hätt zum Beispill onbedéngt déi Lëschte mat der Identitéit vun de SB-Membere misse beschtméiglechst schützen.

Dowéinst wollt ech dem Här Staatsminister dës Froe stellen :

  1. Kann den Här Staatsminister d’Authentizitéit vun deenen Dokumenter confirméieren ?
  2. Huet den Här Staatsminister déi auslännesch concernéiert Déngschter iwwer d’Publikatioun vun deenen Dokumenter offiziell informéiert ?
  3. Wéi eng vun deenen Dokumenter ënnerleien haut nach de Bestëmmungen, déi der Sécherheetsstuff « Très secret » entspriechen a missten deementspriechend geschützt ginn ?
  4. Ënnerhëlt de Lëtzebuerger Staat alles fir rauszefannen, aus wéi enger Quell déi betreffend Dokumenter stamen ?Ass eventuell Plainte gemaach ginn ?
  5. Ass d’Publikatioun vu geheimen Dokumenter duerch d’Press strofbar?
  6. Wat mécht den Här Staatsminister fir d’Identitéit vun de Membere vum SB confidentiel ze halen an déi betreffend Leit, wann néideg, ze schützen ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean-Claude Juncker, Premier Ministre, Ministre d’Etat

Deel dëse Post: