Quecksëlwer: zwee Moossen a Gewiichter (VIDEO)

En Donneschdeg, de 16. Oktober 2014 huet de Fernand Kartheiser an der Chamber d’Stellung vun der ADR zum PL 6663 erkläert, wou et ëm de Verbuet vum Kadmium a Quecksëlwer an de Batterië geet. Och d’ADR begréisst all Moossnamen, déi geféierlech Gëfter esou wäit wéi méiglech verbidden. D’Interventiounsméiglechkeeten, déi an dësem Gesetz awer virgesi sinn, ginn der ADR awer vill ze wäit: „et gëtt mat Kanounen op Spatze geschoss!“.

De Fernand Kartheiser huet och op d’Kontradiktioun higewisen: bei de Batterië ginn nach just minimalistesch Wäerter vun deene Substanze verlaangt, bei de Spuerbiren déi de Bierger imposéiert gi geet et awer net ouni dat geféierlecht Quecksëlwer… Aus den Ursaachen huet d’ADR sech beim Vote enthalen.

Deel dëse Post: