Qualitéit garantéieren bei der neier Fleegeversécherung

De 14. November war eng Entrevue tëscht Vertrieder vun der COPAS an der ADR. Thema waren d’Reform vun der Fleegeversécherung an d’Suergen vun den Déngschtleeschter aus deem Secteur, déi an der COPAS organiséiert sinn. Vertruede waren de President vun der COPAS, den Här Marc Fischbach, d’Madam Netty Klein (Generalsekretärin), den Här Michel Simonis (Tresorier) an d’Madam Alexa Lepage (Kommunikatioun). Besonnesch wichteg ass der COPAS an deem ganze Secteur d’Garantie vun der Qualitéit vun der Fleeg, déi an der Reform vun der Regierung net genuch berücksichtegt wär. Spueren eleng kéint jo net d’Léisung sinn an engem Secteur, deen an Zukunft och wéinst der demographescher Entwécklung mat ëmmer méi eelere Leit, déi Fleeg brauchen, ëmmer méi wichteg wäert ginn.

Deel dëse Post: