Psychotherapeut: e wichtege Beruff gëtt unerkannt

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet den 20. Mee an der Chamber begréisst, datt de Beruff vum Psychotherapeut zu Lëtzebuerg elo unerkannt gëtt. Dat wär och d’Enn vun enger Zweeklassegesellschaft, well bis elo vill Leit a Nout sech esou eng Betreiung net hätte kinnte leeschten. De Fernand Kartheiser huet awer och op d’Wichtegkeet vum “Secret médical” grad an dësem Domaine higewisen an dorop, datt grad esou e Beruff onbedengt verlaangt, dat de Psychotherapeut gutt Lëtzebuergesch kann (Clip aus dem Fernand Kartheiser senger Ried). Dat gëlt fir d’ADR besonnesch bei de meizinesche Beruffer a gëtt och ëmmer nees gefuerdert.

Deel dëse Post: