Prostitutioun: Hëllef a Respekt éischter wéi Stroofen

De Fernand Kartheiser huet an der Berodungsdebatte iwwer d’Prostitutioun, den 29. Abrëll an der Chamber, eng kloer Positioun bezunn. Et soll een hëllefen a net verurteelen, weder de Mënsch, dee sëch prostituéiert, nach de Client. Ze reglementéieren wär allerdengs, dass keng Mannerjähreger sech prostituéieren an dass kee Mënsch zur Prostituioun gezwonge gëtt. Den ADR-Deputéierten huet och drop higewisen, datt ee net soll iwwer d’Leit schwetzen, déi sech prostituéieren mä mat hinnen. Hien huet weider gesot, datt Zuhälterei sollt bestrooft ginn, mä datt ëmmer och Leit ënnert de Begrëff falen, bei deenen keng Schold géing virleien.

Deel dëse Post: