4-spuregen Ausbau vun der N7 op Nofro vum Gast Gibéryen

De Projet “Nordstrooss” huet bei de Betraffene well fir vill gro Hoer gesuergt. Och dee geplangten Ausbau vun der N7 bleift ee Suergekand. De Gast Gibéryen interesséiert sech an deem Kontext virun allem fir den Ofschnëtt tëscht Colmar-Bierg an dem Fridhaff, dee jo op zwee mol zwee Spueren ausgebaut soll ginn. D’Regierung hat ugekënnegt, dozou bis Hierscht 2016 en Avant-projet de loi op den Dësch ze leeën. Geschitt ass an der Affär awer bis elo näischt. Den ADR-Deputéierte fuerdert a senger Interventioun elo endlech Kloerheet vum Minister… An deen zitt sech net grad souverän aus der Affär. De François Bausch, deen an der Vergaangenheet d’Nordstrooss gär “Mordstrooss” genannt huet, ass ganz houfreg drop, datt d’N7 elo tëscht Ettelbréck a Colmar-Bierg op 4 Spueren ausgebaut gëtt.

Deel dëse Post: