Datt mëttlerweil Proffen aus dem Classique erugezu ginn, fir a Flüchtlingsklassen d’Einmaleins ze ënnerriichten, léisst déif blécken. Dozou e puer Froe vum Fred Keup un d’Regierung.
Fro:
Eis ass zu Ouere komm, datt am Kontext vun de CLIJA- an ACCU-Klasse mëttlerweil och Proffen aus dem Classique erugezu ginn, fir Kanner mat Fluchthannergrond ze ënnerriichten. Dës Proffe stinn oft viru groussen Erausfuerderungen, well si net fir dës Aufgab ausgebilt goufen a well déi betreffend Kanner oft keng vun den dräi Verwaltungssproochen hei am Land beherrschen an och soss net iwwer genuch Virkenntnesser verfügen, fir ze verstoen, wat de Proff hinne versicht bäizebréngen. Konkret hu mir héieren, datt e Franséisch-Proff senge Schüler de Grondvocabulaire mat de Personalpronomen (je, tu, il/elle, asw.) an e Mathésproff hinnen d‘Zuele vun 1 bis honnert op Franséisch huet misse bäibréngen.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister confirméieren, datt am Kontext vun de CLIJA- an ACCU-Klasse mëttlerweil och op Proffen aus dem Classique zréckgegraff gëtt? Wa jo:
- Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt e nominéierte Professer definitiv iwwerqualifizéiert ass, fir op deene Klasse Schoul ze halen?
- Wéi vill Proffen aus dem Classique ginn aktuell fir dës Aufgab agesat?
- Wéi eng pedagogesch, personell a finanziell Logik läit dëser Zouweisungspraxis zegronn, a wéi eng Käschte verursaacht eng entspriechend CLIJA- oder ACCU-Klass mat voll ausgebilte Lycéesproffen am Verglach zu alternative Modeller mat spezialiséiertem Fërder- oder Betreiungspersonal?
- Kann den Här Minister confirméieren, datt et an deene Lycéeën, wou ausgebilt Proffe fir Accueilsklassen agesat ginn, keng Penurie u Proffen an deene betreffende Fächer gëtt?
- Wéi vill Lycéesproffen hunn an de leschte fënnef Joer ëm Versetzung oder Entlaaschtung aus CLIJA- bzw. ACCU-Klasse gebieden, a wéi eng Konsequenzen zitt de Ministère doraus?
- Gëtt et eng legal Basis, fir Proffen aus dem Classique a CLIJA- an ACCU-Klassen anzesetzen? Wa jo: wéi eng?
- A wéi engem Ëmfang hunn d’Lycéesdirektiounen Entscheedungsspillraum, wat d’Asetze vun ausgebilte Proffen an CLIJA- bzw. ACCU-Klassen ugeet?
- Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt de Beruff vum Lycéesproff zu Lëtzebuerg un Attraktivitéit verléiere kéint, wa Lycéesproffen no jorelaanger Fachausbildung an engem haarde Selektiounsverfaren a Klassen agesat ginn, an deene Fachunterrecht, z.B. an der Mathematik, faktesch onméiglech ass?
Äntwert:
Ech wëll fir d’alleréischt ervirsträichen, datt sämtlech Lycéeën am Land sech um kollektiven an nobelen Effort bedeelegen, deen doranner besteet, Kanner a Jonker mat Migratiouns- oder Fluchthannergrond ze beschoulen, dëst op de sougenannten ACCU- a CLIJA-Klassen. Mäin ausdréckleche Merci riicht sech och un all d’Enseignanten, déi mat hirem Engagement an hirer Kompetenz dozou bäidroën, datt dës Kanner a Jugendlech sech an eis Gesellschaft kënnen integréieren. D’ACCU- an d’CLIJA-Klasse riichte sech u Jugendlecher, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn an déi nach net déi néideg Kenntnisser an de Sproochen hunn, fir um Unterrecht am regulären Enseignement secondaire kënnen deelzehuelen. D’Schüler representéieren d’Migratiounen, déi souwuel déi europäesch Mobilitéit wéi och international Krisen- a Fluchtsituatiounen erëmspigelen. Déi grouss Majoritéit vun de Kanner a Jonke bréngen e schoulesche Parcours, fachlech Kompetenzen an individuell Ressourcen aus hirem Hierkonftsland mat. Dëst Bildungskapital gëtt systematesch analyséiert an an der Orientéierung berécksiichtegt. Et geet also net drëms, bei Null unzefänken, mee u besteeënd Kenntnisser unzeknäppen an dës am Kontext vum Lëtzebuerger Schoulsystem weiderzeentwéckelen. D’Zil vun den ACCU- a CLIJA-Klassen ass et, duerch eng strukturéiert a qualitativ héichwäerteg Virbereedung eng erfollegräich Integratioun an d’Reegelklassen ze erreechen. D’ACCU- a CLIJA-Klasse sinn en integralen Deel vum ëffentleche Schoulsystem, an ënnerleien deene selwechte gesetzlechen an qualitativ-pedagogesche Standarden wéi all aner Klass. Am Ganze ginn 89 Klassen ugebueden, an deenen aktuell 1.056 Schülerinnen a Schüler ageschriwwe sinn.
Froen 1. / 2. / 3.
De Begrëff „Proffen aus dem Classique“ ass mir net bekannt; et gëtt keng deementspriechend statutaresch Kategorie an der Lëtzebuerger Fonction publique, weder am Beräich vum Fonctionnaire, nach am Beräich vum Employé. Op den ACCU- a CLIJA-Klassen halen aktuell 516 Enseignanten op d’mannst eng Leçon, si verdeele sech op follgend Kategorien: Professeur, Chargé d’enseignement, Employé enseignant, Instituteur de la voie de préparation, Maître d’enseignement technique. Wat d’Professere betrëfft, sou gëtt et keng strukturell oder hierarchesch Differenz tëscht de Professeren aus dem Enseignement secondaire classique an deenen aus dem Enseignement secondaire général: Hir Qualifikatioun, hir pedagogesch Formatioun an hir Karriär sinn déi selwecht. All Professer am Secondaire huet e Masterdiplom, ass duerch e Selektiounsprozess gaangen, huet eng obligatoresch pedagogesch Formatioun (Stage) absolvéiert an ass un d’berufflech Obligatioune vum Fonctionnaire gebonnen. Besonnesch am Kontext vun der Beschoulung vu Schülerinnen a Schüler ouni Virkenntnisser an de Sproochen ass Fach- a Sproochendidaktik op héijem Niveau kee Luxus, mee eng Noutwennegkeet. Et ass deemno pedagogesch net kohärent ze behaapten, datt e Professer iwwerqualifizéiert wier, fir op deene Klasse Schoul ze halen. Am Géigendeel: Grad d’Fach- an Didaktikexpertis erméiglecht eng strukturéiert a qualitativ héichwäerteg Approche, déi iwwert eng reng Betreiung erausgeet.
Fro 4.
ACCU- a CLIJA-Klasse verursaachen déi selwecht Käschte wéi all aner Klasse vum ëffentleche Lëtzebuerger Enseignement, dëst onofhängeg vun der Interventioun vu spezialiséiertem Fërderpersonal. Op en einfachen Encadrement duerch Betreiungspersonal gëtt bewosst verzicht. D’CLIJA- an ACCU-Klasse sinn nämlech net als Betreiungs- oder Iwwergangsstrukturen ouni akademeschen Usproch konzipéiert, mee als pedagogesch fundéiert Virbereedung op eng Orientéierung am Lëtzebuerger Schoulsystem. D’Investitioun a qualifizéiert Personal ass eng bewosst bildungspolitesch Entscheedung am Sënn vun der Chancëgläichheet an der Qualitéitssécherung. Eng Reduktioun op eng einfach Betreiung géif dem Bildungsusproch an dem gesetzleche Bildungsoptrag net gerecht ginn; d’Chancëgläichheet grad ewéi d’Integratiounsperspektive vun de concernéierte Jonke géifen esou a Fro gestallt ginn.
Froe 5. a 6.
Den Unterrecht op enger ACCU- oder CLIJA-Klass mécht gewéinlech nëmmen een Deel vun der Tâche vun engem Enseignant aus. De Begrëff vun der „Versetzung“ aus esou enger Klass ergëtt deemno kee Sënn. Et gëtt och keng systematesch Evidenz, datt duerch dësen Dispositif eng generell Penurie an de concernéierte Fächer géif entstoen.
Fro 7.
ACCU- a CLIJA-Klasse gehéieren zu der schoulescher Offer vum ëffentleche Lëtzebuerger Enseignement; et ass keng spezifesch legal Basis néideg, fir op deene Klassen ze enseignéieren.
Fro 8:
D’Lycéesdirektioune setze fir all Joer hir Schoulorganisatioun op d’Been; dës Organisatioun dréit alle méigleche Contraintë Rechnung, notamment wat de Stonneplang an d’Tâche vun den Enseignantë betrëfft. D’Schoulorganisatioune ginn – no Analys vun deenen zoustännege Servicer – vum Minister autoriséiert.
Fro 9.
D’Beschoulung vun de Schülerinnen a Schüler aus den ACCU- a CLIJA-Klasse stellt net nëmmen eng pedagogesch Erausfuerderung duer, et ass och eng wichteg a gesellschaftlech wäertvoll Missioun. D’Expertis vun de Lycéesproffen – fachlech wéi pedagogesch – ass dobäi e wichtege Faktor. Ech deelen d’Aschätzung net, datt de Beruff vum Professer duerch den Unterrecht op dëse Klassen géif unn Attraktivitéit verléieren.