Problemer am Dialog ugoen …

Eng Entrevue vun de Spëtze vun der ADR an der CGFP am Virfeld vun de Chamberswalen 2018 an de Walprogrammen ass e wichtegt Zeeche fir den Dialog. Am Laf vun der Entrevue, déi an enger gudder Atmosphär stattfonnt huet, konnt festgestallt ginn, datt op ville Punkten, wat d’Fonction publique ubelaangt, grouss Iwwereneestëmmunge bestinn. Sou besteet d’ADR zum Beispill datt d’Lëtzebuerger Sprooch muss eng vun den Haaptviraussetzunge sinn fir duerfen am Staatsdéngscht ze schaffen. D’ADR huet sech och ëmmer géint de Bewäertungssystem ausgeschwat. Eis Partei setzt sech och fir eng politesch neutral an onofhängeg Fonction publique an an dofir, datt an alle Verwaltungen, déi eis Souveränitéit betreffen, nëmme Lëtzebuerger däerfe schaffen. Doriwwer eraus huet d’ADR festgehalen, ënnerschriwwen Accorden tëschent enger Regierung an der CGFP ze respektéieren. Duerfir war dëst Treffen, en Dënschdeg, de 24. Juli, e gudden a wichtege Schrack.

Fir d’ADR sinn de President Jean Schoos, d’Deputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser an de Parteivizepresident Mario Daubenfeld empfaange gi vum Nationalpresident vun der CGFP,  Romain Wolff, dem Generalsekretär Steve Heiliger, dem CGFP-Keessier  Patrick Remakel an dem Vizepresident  CGFP-Gilbert Goergen.

Deel dëse Post: