Problematesch Entsuergung vun industrielle Wandanlagen?

De Begrëff “Elektroschrott” kléngt an dësem Fall onfräiwëlleg duebeldeiteg. Déi industriell Wandanlagen, deenen hire wirtschaftlechen an energeteschen Notzen iwwert hir gesamt Liewensdauer beschtefalls als “ëmstridde” ka bewäert ginn. Ma och iwwer hir Déngschtzäit eraus bereeden déi metalle Spargelen net nëmme bäim Bléck op fréier Kulturlandschafte Kappzerbrieches. Bäi eisen däitschen Noperen hu vill där Apparaten d’Enn vun hirer mat 20 Joer relativ knapper Lafzäit erreecht an elo weess kee wouhin domat. Tonnen an Tonnen un Offall, deenen hir Entsuergung net gereegelt ass. Falls Däitschland, e Virreider vun de grénger Energietransformatioun a weltwäit fir säin Ingenieursweese respektéiert, sech mat der Situatioun iwwerfuerdert weist, stellt sech natierlech och d’Fro, wéi de Plang hei am Land ausgesäit. Den Tom Weidig leet de Fanger an d’Wonn:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ekonomieminister an den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.

Esou wéi et am Artikel “Deutschlands Dilemma mit dem Windrad-Schrott”, deen de 7. November vun “Die Welt” publizéiert gouf, heescht, hunn eis däitsch Nopere gréisser Probleemer fir den Offall vun ofgeschalten industrielle Wandanlagen ze entsuergen. An Däitschland lafen déi industriell Wandanlagen duerchschnëttlech 20 Joer, duerno mussen se opgrond vu Verschläiss ofgeschalt, zeréckgebaut an déi ënnerschiddlech Materialien entsuergt ginn. Allerdéngs feelt et am Bezuch op dee leschte Punkt un där néideger Infrastruktur. D’Käschte vun där Entsuergung ginn, deelweis beaflosst vun der Gréisst vun der jeeweileger Anlag, op 160.000 – 500.000 Euro geschätzt.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi vill industriell Wandanlage sinn zu Lëtzebuerg aktuell am Betrib, wéi vill am Bau a wéi vill sinn der geplangt?
  • Wat ass den duerchschnëttlechen Alter vun den industrielle Wandanlagen zu Lëtzebuerg?
  • Wat ass déi duerchschnëttlech Lafzäit vun enger industrieller Wandanlag hei am Land?
  • Wéi vill vun den industrielle Wandanlagen hei am Land sinn 20 Joer oder méi al?
  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi eng Offallstoffer beim Réckbau vun enger industrieller Wandanlag mussen op wéi eng Manéier entsuergt ginn a preziséieren, op wéi enger gesetzlecher Basis déi entspriechend Ëmweltschutzmoossname gereegelt sinn?
  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill industriell Wandanlagen an de Joren 2015 bis 2024 hei am Land jeeweils zeréckgebaut goufen, wéi en Alter dës jeeweils erreecht haten a wéi héich de Käschtepunkt fir de Réckbau all Joers insgesamt louch?

 

Deel dëse Post: