Zur Prise en charge vu Mënsche mat Inkontinenz huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
An hirer Äntwert op meng parlamentaresch Fro vum 11. Mäerz 2025 iwwer d’Prise en charge vun Inkontinenzmaterial, konkret op meng Fro, ob et Pläng ginn, fir Mënsche mat Inkontinenz ausserhalb vun der Fleegeversécherung a vun deenen aneren aktuellen Dispositioune finanziell ze entlaaschten, hat d’Madamm Minister de 16. Abrëll 2025 geschriwwen:
“Eng virleefeg Analys vun der prise en charge an eisen Nopeschlänner fir Patienten, déi net ënnert de Statut vun der Dependance falen, huet verschidde Modeller ervirgehuewen. Dës ginn aktuell nach am Detail analyséiert. Op Basis vun dësen Erkenntnisser gëtt dem Conseil d’administration vun der CNS nach am Laf vun dësem Joer eng Propositioun virgestallt.”
An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Wat ass erauskomm bei der genannter Analys vun de verschiddene Modeller vu Prise en charge?
- Wou ass d’Regierung aktuell dru mat der ugekënnegter Propositioun fir de Verwaltungsrot vun der CNS?