Prett si fir de Grexit … de Gast Gibéryen iwwer Griicheland

Den 8. Juli hunn de Premier Xavier Bettel an de Finanzminister Pierre Gramegna d’Chamber iwwer déi neitst Entwécklungen mat Griicheland informéiert. Geleeënheet fir de Gast Gibéryen, d’ADR-Positiounen an dëser Saach ze rappeléieren. Als eenzeg Partei huet d’ADR vu vir era den Grexit verlaangt: e geuerdneten zäitlechen Auszuch vu Griicheland, fir dem Land Sputt ze ginn, fir ofzewäerten an nees op d’Been ze kommen. Haut ass kloer, sou den ADR-Deputéierten, datt et net ouni humanitär Hëllef wäert goen, fir dat mënschlecht Leed ze lënneren, wat elo ass. D’ADR ass awer och géint eng Transfert-Unioun a géint e Scholdeschnëtt. Béides wär och net mat europäeschen Traitée vereinbar.

Duerno huet de Gast Gibéryen déi vill Feeler, déi an deem Dossier gemaach gi sinn, kritiséiert, op béide Säiten. Wär der ADR nogelauschtert ginn, wär Zäit gewiescht fir e Grexit, haut ass et scho bal ze spéit. De Grexit wäert kommen mä Griicheland bleift fir ganz Europa e Faass ouni Buedem, huet hie gesot.

Deel dëse Post: