Vun der Zweesproochegkeet an de Crèchen bis zur Integratiounsaufgab vun Schoulen huet de Fernand Kartheiser, e Meindeg, den 13. Oktober, en Iwwerbléck ginn iwwert der ADR hir „däitlech aner Virstellungen“ vun der Erzéiungs- an Educatiounspolitik.
D’ADR ass der Meenung, déi zweesproocheg Crèchen (Franséisch a Lëtzebuergesch) eng Diskriminatioun duerstellt géintiwwer Kanner mat engem anere sproochlechem Hannergrond. Fir d’ADR gëllt: an de Créchen soll Lëtzebuergesch geschwat ginn!
E weidert d’Thema war d’“Education aux valeurs“: d’ADR steet kloer zum fraïe Choix, fir e Wäerteunterrecht oder e Reliounsunterrecht. De Fernand Kartheiser steet och ganz kritesch zu den Usätz vun der Regierung zur „Fréisexaliséierung“ vun de Kanner, dëst zum Beispill iwwert de Froebou vum Script dee schonns Kanner vun 10 Joer ënnerbreet ginn ass.
Zum Schluss ass den ADR-Deputéierten nach op d’Sproochesituatioun an der Grondschoul an am Secondaire agaangen, an huet dës Pisten opgezielt:
– d’Classes d’accueil nees aféieren, fir datt Kanner déi an d’Land kommen fit gemaach ginn, wat d’Spoochen ubelaangt, fir mam normale Schoulsystem matzemaachen;
– méi eng systematesch Zësummenaarbecht mat Schoulen am Ausland fir Jugendlecher déi an d’Land kommen;
– Lëtzebuergesch Sektioun an der Europaschoul;
– extra Klasse fir d’Kanner vun Expats oder Asylantekanner, déi net dauerhaft zu Lëtzebuerg bleiwwen;
– deenen Elteren, déi hir Kanner wëllen hei am Land aschoulen, am Virfeld déi néideg Informatiounen ze ginn iwwert déi speziell Sproochesituation an de lëtzebuerger Schoulen.
Fir de Fernand Kartheiser an d’ADR ass et kloer: d’lëtzebuerger Sprooch ass keng „Hürde“ an schonns guer kéng Exklusiounssprooch, mä dee Moyen deen am meeschten zur Integratioun bäidréit.