Pressekonferenz Parlamentaresch Rentrée

De neie Fraktiounspresident Fernand Kartheiser huet op eng Pressekonferenz invitéiert fir déi politesch Themen ze präsentéieren déi fir d’ADR an der neier Chamber-Sessioun Prioritéit hunn. Mat derbäi de Roy Reding, de Jeff Engelen an den zukünftegen Deputéierte Fred Keup. Do ass d’Politik vun der Regierung op de Leescht geholl ginn, mat virop de Widderspréch an der Coronakris grad wéi och an de Beräicher Steier- a Finanzpolitik. Och d’Baussepolitik war e Sujet, mat do virun allem den Entgleisunge vum Minister Jean Asselborn. Da sinn och weider Themen aus der Aktualitéit ugeschwat ginn, déi de leschte Samschdeg op der Journée Parlamentaire bannent der Partei diskutéiert gi sinn. Esou zum Beispill d’Heemaarbecht, d’Legalisatioun vum Cannabis an de 5G. Weider Initiativë ginn an deenen nächste Wochen a Méint an dëse Beräicher geholl: Naturschutz, Spidolswiesen, Schutz vun der Privatsphär, Erliichterunge bei administrativen Demarchë fir de Bierger, Kannergeld, Sécherung vun de Grondrechter a Gemengenautonomie.

  

 

 

              

Deel dëse Post: