Pressekonferenz: Den Tram féiert an de Chaos! (VIDEO)

Vum 18. Mäerz bis de 16. Abrëll louchen op der Stater Gemeng eng Rei Dossieren zum Tram. Déi concernéiert Bierger konnten am Kader vun der Impaktstudie Reklamatioune géint dee Projet areechen. D’ADR fillt sech duerch d’Dokumenter, déi public gemaach goufen, an hirer Positioun bestätegt: den Tram féiert an de Chaos a bréngt keng Virdeeler.

Op enger Pressekonferenz ass d’Stater Gemengeconseillère Marceline Goergen op den Historique an op déi offiziell Ziler vum Projet Tram agaangen. Si huet och op déi rezent Aussoe vum Stater Buergermeeschter reagéiert, dee behaapt huet, den Tram géif zu enger besserer Loftqualitéit um Boulevard Royal an op der Avenue de la Liberté féieren. D’Marceline Goergen huet betount, datt duerch den Tram d’Loftverschmotzung iwwert d’Stad verdeelt, mä net reduzéiert gëtt.

Ënnert de villen Dokumenter, déi een am Kader vun der Impaktstudie ka konsultéieren, ass eng Etude, déi 2010 am Optrag vu Luxtram gemaach gouf. De Roy Reding, Vize-President vun der ADR, huet eng Rei Aspekter vun där Etude ervirgestrach, déi kloer géint den Tram schwätzen: et kënnt zu enger massiver Verschlechterung vum AVL-Réseau, d’Ëmklamme gëtt zum neie Vollekssport an um Niveau vum motoriséierte Verkéiere entstinn nei Enkpäss.

Aus all deene Grënn fuerdert d’ADR de Schäfferot op, e lokale Referendum zum Tram z’organiséieren!

Dir wëllt de Pressedossier liesen? Einfach d’Bild uklicken!

Dir wëllt d’Conclusioune vun der ADR zur Etude vun 2010 liesen? Einfach d’Bild uklicken!

Roy Reding: den Tram féiert an de Chaos!

Deel dëse Post: