Pressekonferenz: d’Burka och zu Lëtzebuerg verbidden (VIDEO)

A Frankräich ass droe vun der Burka an der Ëffentlechkeet zanter dem 11. Abrëll 2011 verbueden, an der Belsch ass dëst zanter dem 13. Juli 2011 de Fall. Den 1. Juli 2014 huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg d’Conformitéit vun dëser Gesetzer mat der europäescher Charta fir Mënscherechter bestätegt.

Dësen Arrêt vu Stroossbuerg huet d’ADR definitiv duerzou beweegt, eng Gesetzespropositioun auszeschaffen, fir och zu Lëtzebuerg de Verbuet vun der Burka, also vun der d’Verschleierung vum Gesiicht, anzeféieren.

En Dënschdeg, de 15. Juli 2014 huet de Fernand Kartheiser, Auteur vun der Gesetzespropositioun, dës op enger Pressekonferenz virgestallt. Den Deputéierte huet dobäi opmierksam gemaach, datt d’Droe vun der Burka kee reliéist Gebot aus dem Islam duerstellt.

An der Gesetzespropositioun, déi genee op déi franséisch a belsch Texter baséiert, freet de Fernand Kartheiser als wesentlecht:

 Artikel 1: Keen däerf, am ëffentlechem Raum, Kleeder droen déi den Zweck hunn, säi Gesiicht zum Deel oder ganz ze verstoppen.

Article 1: Nul ne peut, dans l’espace public, porter une tenue destinée à dissimuler son visage, en tout ou en partie.

E Mëttwoch, de 16. Juli 2014 deponéiert der Fernand Kartheiser d’Gesetzespropositioun an der Chamber, mam Titel:
Proposition de loi ayant pour objet d’interdire la dissimulation du visage dans l’espace public et de compléter certaines dispositions du Code pénal

Deel dëse Post: