Pressekonferenz: D’ADR ass géint d’Verfassungsännerung vum Artikel 32 Paragraph 4

De Roy Reding huet op enger Pressekonferenz de 17. Mee ënnerstrach, datt sech d’ADR kloer géint déi vum Alex Bodry proposéiert Verfassungsännerung vum Artikel 32 Paragraph 4 ausschwätzt. Dës gesäit vir, datt d’Regierung an engem onkloer definéierten  “Ausnamezoustand” dozou ermächtegt wär, ze legiferéieren, ouni dofir iwwert de normale legislative Wee vun der Chamber mussen ze goen. Dëst mécht an den Ae vun der ADR eng Dier op a Richtung Muechtmëssbrauch an Ontransparenz.

D’parlamentaresch Ekipp vun der ADR verstäerkt

Ugangs der Pressekonferenz huet de Gast Gibéryen d’Ekipp vun de parlamentaresche Mataarbechter vun der ADR presentéiert. Roland Houtsch, an Alain Kleeblatt kréie Verstäerkung duerch d’Mandy Krier an de Michel Lemaire.

Deel dëse Post: