Pressecommuniqué vun der ADRenalin

D’adrenalin, déi jonk adr huet, op hirer éischter Generalversammlung nom Jugendnationalkongress vum 3. Mäerz 2014 zu Lëtzebuerg-Stad, folgende Komitee eestëmmeg gewielt:

Esther BAUER, Presidentin

Joe THEIN, Vizepresident

Gilles CARLIZZI, Generalsekretär

Joëlle GIANNOTTE, Generalkeesjee

D’adrenalin huet sech zum Zil gesat, fir sech weiderhin mat neien Iddien, Projeten, interessanten Aktivitéiten, a politesche Bäitreeg, e Numm ënnert de Jugendparteiorganisatiounen ze maachen. D’adrenalin wëll säi Pefferkäer verstäerkt zum Beschte ginn, an der politescher Aktualitéitkritesch begéinen, fir esou zu enger aktiver an alternativer Kraaft, ënnert de Jugendparteien z’avancéieren.

Zu de Prioritéite vun der adrenalin ziele besonnesch d’Schoulpolitik, d’Aarbechtsmaartpolitik, an d’Sprooch. D’adrenalin huet sech och an intensiven Diskussioune mam Dossier vun de Studiebäihëllefen ausernee gesat, a kritiséiert deen neie Projet vun der Regierung. D’adrenalin wäert zum richtege Moment, hier Positioun via Communiqué matdeelen.

No gudde Resultater vun eise jonke Politiker bei de Chamberwalen vum 20. Oktober 2013, freeë mir eis ze soën:Mir si voller Adrenalin!

Deel dëse Post: