Pressecommuniqué vun der ADR-Sektioun Péiteng

D’ADR Sektioun Péiteng hëlt d’Ausso vun der Deputéierten, Madame Josée Lorsché, souwéi den oppene Bréif vum Péitenger Schäfferot un de Premierminister, Här Xavier Bettel, zur Kenntnis, dréckt sech allerdéngs onzefridden iwwert d’Aart a Weis vun der Kommunikatioun tëscht Regierung a Schäfferot aus, déi hei presentéiert gouf.

D’ADR begréisst selbstverständlech d’Iddi, fir sozial a favorabel Projeten an der Gemeng Péiteng wëllen ze realiséieren. Zu dësen Iddie gehéiert selbstverständlech d’Revaloriséierung vun der Gemeng duerch e Konzept mat sozialpoliteschem Hannergrond. D’ADR ënnerstëtzt all Initiativ fir d’Liewensqualitéit vun deene Mënschen ze verbesseren, déi ons Hëllef brauchen. D’Gemeng spillt a gudder Zesummenaarbecht mat de Ministèren, eng verantwortlech Roll, fir där Zilsetzung Rechnung ze droen.

Net zefridde weist d’ADR sech allerdéngs iwwert d’Kommunikatioun tëscht Regierung a Schäfferot am Dossier vum „alen LTMA-Site“, déi hei presentéiert gouf. No schonns kritiséierte, politesche Feelentscheedungen an der Vergaangenheet, kann d‘ADR net novollzéien, firwat d’Regierung an de Schäfferot net en même sinn, en anstännegen Dialog ze féieren, an déi néideg Prozeduren a Konzepter a gemeinsamer Ofsprooch ze délibéréieren, a wa néideg, z’organiséieren. Et ass politesch net crédibel, wann déi eng Hand net weess, wat déi Aner mécht. Och d’Bierger hunn d’Recht drop, gutt a seriéis iwwert hier Lokalpolitik informéiert ze ginn.

D’ADR wëll jiddefalls kee Parteifaarwekonflikt an dësem Dossier, a wënscht sech, datt an Zukunft e besseren Informatiounsaustausch tëscht de verantwortlechen Instanze stattfënnt. Mir sinn elo staark dorun interesséiert, wéi déi Engagementer déi vum Schäfferot geholl goufen, an elo vun der Regierung solle geholl ginn, kompatibel matenee sinn.

Iwwerdeems wëll d’ADR och, datt d’Gemengenautonomie respektéiert gëtt, an déi demokratesch Décisioune vum Gemengerot, och wäertgeschätzt ginn.

Deel dëse Post: