Presidentin vun den ADR-Fraen leet Ämter néier

Den Exekutivkomitee vun der ADR huet sech haut mat där Diskussioun beschäftegt, déi an deene leschten Deeg no engem Facebook-Post vun der Madame Sylvie Mischel entstanen ass. An dem Post hat d’Madame Mischel eng Rei vu Kriticken un der Politik vun der Regierung formuléiert, ënner anerem och un der Migratiounspolitik, déi vun der Regierung, ënner Féierung vum Minister fir Immigratioun an Asyl, Jean Asselborn (LSAP), gemaach gëtt. Déi Associatioun mat enger Foto, op där den Här Asselborn zesumme mat Migranten aus dem Niger ze gesinn ass an op déi d’Madame Mischel a satirescher Intentioun geschriwwen hat, dat wär den éischte Walplakat vun der LSAP fir 2023, huet fir vill Opreegung gesuergt.

D’ADR betount, datt si der Politik vun der Regierung dacks kritesch géintiwwersteet an dat och ëmmer nees an hirer Aarbecht als Partei an och als Fraktioun an der Chamber däitlech weist. Gläichzäiteg hält si drop, datt dës Politik net däerf mëssverstane ginn an net dozou däerf féieren, d’Grondprinzippie vum mënschleche Mateneen a Fro ze stellen. Bei enger Rei vu Kommentaren déi um Internet publizéiert goufen, gouf awer eng Grenz iwwerschratt an deem Sënn, datt verschidde Leit Kommentare publizéiert hunn, vun deenen d’ADR sech an aller Form distanzéiert.
D’ADR betount, datt si an der Asylpolitik hir Positioun integral bäibehält an op Basis vun deene relevanten internationale Konventioune Leit, déi politesch verfollegt ginn, Asyl wëll ginn. Och Leit an enger Krichssituatioun mussen opgrond vun de Genfer Konventiounen esou laang wéi néideg Schutz kréien. D’ADR leent awer all Mëssbrauch vum Asylrecht of.
All Membere vum Exekutivkomitee hunn haut betount, datt si wëllen, datt déi berechtegt politesch Kritik, déi d’ADR un der Regierung huet, net als Lizenz fir Anerer däerf interpretéiert ginn, fir hiren Aggressioune fräie Laf ze loossen. D’ADR hält drop, fir de Niveau vun der politescher Kultur hei am Land héich ze halen.

Besonnesch d’Madame Mischel huet dëst Entwécklung kritiséiert a wëll e kloert Zeeche setzen. D’Madame Mischel wëll dowéinst hir Funktiounen als Vize-Presidentin an als Presidentin vun der Frae-Sektioun fir de Moment nidderleeë fir kloer ze maachen, datt weder si perséinlech, nach d’ADR als Plattform fir niddreg Gefiller kënne mëssbraucht ginn.
Den ADR Exekutivkomitee huet dëse Geste mat Unerkennung a Respekt zur Kenntnes geholl a betount, datt d’ADR solidaresch an decidéiert hir engagéiert Oppositiounspolitik weider féiert.

 

Pressematdeelung vum 9. Dezember 2019

 

 

Deel dëse Post: