Wier et net un der Zäit, de Premièresdiplom net nëmmen op Franséisch, Däitsch an Englesch, mee och op Lëtzebuergesch auszestellen? Dat wëll de Fred Keup vun der Regierung wëssen.
Fro:
Zu Lëtzebuerg ginn d‘Premièresdiplomer souwuel vum klassesche wéi och vum technesche Secondaire an dräi Sproochen ausgestallt: Franséisch, Däitsch an Englesch. Dës méisproocheg Ausstellung huet den Zweck, déi international Unerkennung vun den Diplomer ze erliichteren an den Absolventen den Zougang zu Héichschoulen am In- an Ausland ze erméiglechen. Déi betreffend Reegelung gouf am Kader vun der Reform vum Secondairesunterrecht agefouert, déi duerch de RGD vum 21. August 2017 ëmgesetzt gouf.
Nieft dem eigentleche Premièresdiplom kréien d’Absolventen nach weider Dokumenter, déi hiren Ausbildungswee detailléiert beschreiwen. Dozou gehéieren ë.a. eng Noutenattestatioun, eng Beschreiwung vun der schoulescher Karriär mat den ugestriefte Kompetenzniveauen an de Sproochen an eng Attestatioun iwwer ausserschoulesch Aktivitéiten.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Häre Minister:
- Wéi steet d’Regierung zur Iwwerleeung, d‘Premièresdiplomer vum klasseschen an technesche Secondaire an déi domat verbonnen Dokumenter zousätzlech an eiser Landessprooch, nämlech Lëtzebuergesch, auszestellen? Géif doduerch de Status vun eiser Nationalsprooch an hir Visibilitéit am ëffentleche Liewen net gestäerkt ginn?
- Wa Lëtzebuergesch an de Schoulen enseignéiert gëtt, wann och a limitéierter Form, wier et dann net e logesche Schrëtt, eis Nationalsprooch och bei offiziellen Diplomer ze benotzen – op d‘mannst ergänzend?