P&R Bouillon: Nei Tax fir de „Vakanzeparking“!

De blo-grénge Schäfferot aus der Stad Lëtzebuerg gëtt net midd, ëmmer nei Taxen ze erfannen. Vum 4. Mäerz u mussen d’Automobilisten, déi méi wéi 24 Stonnen am P&R Bouillon stinn, 10€ den Dag bezuelen. Dëst trefft besonnesch Leit, déi z.B. iwwert Veräiner sech op deem Parking Rendezvous gi fir gemeinsam mam Bus op eng Sportveranstaltung, eng kulturell Aktivitéit oder an d’Vakanz ze fueren. D’ADR-Sektioun Stad verlaangt vum Schäfferot, dës Decisioun zeréckzezéien, esoulaang wéi keng valabel Alternativ ugebuede gëtt.

Fir e puer Abusen ze vermeiden, huet de Schäfferot beschloss, e flotte Service ofzeschafen, dee vu ville Leit appreciéiert gëtt, respektiv fir dëse Service mat enger neier Tax ze beleeën! Wéi aner P&R Parkingen, an oder ronderëm d’Stad, ass de P&R Bouillon (nach ?) gratis. Dëse Service gëtt äifreg vun de Pendler benotzt, an hëlleft esou den Individualverkéier an der Stad ze reduzéieren. Dësen iwwerdaachten an iwwerwaachte Parking ass awer och e beléiften Treffpunkt fir Leit beieneen ze bréngen, déi do hiren Auto fir e puer Deeg stoe loosse fir da gemeinsam, oft mam Veräin, mam Bus weiderzefueren. Eigentlech e flotte Service vun der Stad Lëtzebuerg un de Bierger, och wann et eng Erweiderung vum eigentlechen Zweck ass, fir deen de Parking gebaut gouf.

Et gëtt, wéi bei esou villes, och Abusen: Leit, déi hire Cabriolet am Bouillon iwwert de Wanter ofstellen, anerer, déi hir Schrottkëscht einfach an dësem wéi an anere Parkinge fir éiweg stoe loossen. Dës Mëssstänn kënnen zum Deel mat de bestehende Gesetzer ofgeschaf ginn. Esou huet d’Police a leschter Zäit eng Rei Ween, déi op Parkinge verlooss waren, no de virgeschriwwener Prozedur ofgeschleeft.

D’ADR kann awer net domadder averstane sinn, datt wéinst esou Abuse jidderee bestrooft gëtt, dee méi wéi 24 Stonnen säin Auto am P&R Bouillon stoe léisst. Et besteet de Besoin, an et ass och ekologesch sënnvoll, fir kënnen eng Rei Autoen op enger sécherer Plaz ze parken, fir da gemeinsam op Veranstaltungen oder an d’Vakanz ze fueren. D’ADR Stad fuerdert de Schäfferot op, zesumme mam Staat, esou eng Plaz ze schafen. Esoulaang wéi keng Alternativ besteet, a well de P&R Bouillon nach genuch fräi Kapazitéite fir d’Pendler huet, verlaangt d’ADR e Moratoire op dëser neier Tax.

Deel dëse Post: