Postbüroen: Wüste Gobi, pardon Wüste Gambia am Oste vum Land

Schaarf huet den ADR-Deputéierte Roy Reding sech de 9. Dezember an der Chamber dergéint gewiert, datt d’Post wëll iwwer 30 Postbüroen am Land zoumaachen. Et gëtt net vun engem “Service universel” erwaart, datt e rentabel ass, mä e muss präsent bleiwen am Land. “Hei geet et em d’Liewensqualitéit vun de Leit”, sot de Roy Reding (Video, 3 Minutte 47). Frou war den ADR-Deputéierten doriwwer, dat d’Roll vum Bréifdréier nees opgewäert gëtt. Hien hätt eng sozial Funktioun ze erfëllen grad wéi eng Post an engem Duerf eng sozial Funktioun hätt, déi ee net dierft ewech huelen.

Deel dëse Post: