35 Postbüroe si schonns zougemaach ginn. Wéi geet et weider, ënner anerem zu Uewerkuer, Nidderkuer a Bieles? Dës Fro huet de Gast Gibéryen, iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro, gestallt. De Wirtschaftsminister verstoppt sech hanner de Verwaltungsrot vun der Post „ier nei Decisioune geholl ginn“.