Post: méi deier fir manner Zerwiss?

Nodeems déi nei Posttariffer fir d’Bréifpost bekannt gi sinn, freet de Fernand Kartheiser den zoustännege Minister, ob d’Regierungsvertrieder an de Postgremien och fir déi Hausse am zweestellege Prozentberäich gestëmmt hätten – déi zweet bannent véier Joer. Dat, esou gëtt den ADR-Deputéierten ze bedenken an enger Zäit, wou ëmmer méi Leit hei am Land riskéieren, an d’Aarmut ze rutschen. D’Tënt vun der Fro war nach net drëchen, dunn huet d’Post annoncéiert weider Büroen zouzemaachen – de Fernand Kartheiser hat d’Präiserhéijung bei der Post och a Relatioun gesat mat den Zerwisser, déi ëmmer méi ofgebaut ginn.

Deel dëse Post: