Politik am Respekt vun der Dignitéit vum Mënsch!

“Merci Gast, fir all dat, wat’s du fir eis Partei a fir d’Land gemaach hues. De Gast Gibéryen ass e fantastesche Politiker an e wonnerbare Mënsch”, esou kann een den emouvanten Ufank vun der Ried vum neien ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser zesummefaassen. Och wann de Gast Gibéryen a senger wuelverdéngter Pensioun net méi an der éischter Rei stoe wäert, wäert dat den Erfolleg vun der ADR net kënne bremsen: Eng ADR, déi sech kompromësslos fir d’Dignitéit vum Mënsch asetzt, besonnesch och fir d’Dignitéit vun de Mënschen, deenen et manner gutt geet a jidder eenzele Mënsch ass e vollwäertege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. De Fernand Kartheiser huet eng ganz präzis gesellschaftspolitesch Visioun, wéi sech eist Land an Zukunft entwéckele soll. De Respekt virun der Famill, eng laangfristeg Finanzpolitik, d’Fleege vun der Lëtzebuerger Sprooch an eng generéis Sozialpolitik sinn integrale Bestanddeel vun därer Visioun… awer lauschtert selwer!

Deel dëse Post: