Polen fënnt Lëtzebuerger Attacken net witzeg

Polen fënnt d’Lëtzebuerger Kritik un sénger neier Regierung net witzeg. De polnesche Botschafter zu Lëtzebuerg, Bartosz Jaeowiecki, huet en Artikel iwwer Lëtzebuerg an der iwwerregionaler Dageszeitung Rzeczpospolita geschriwwen fir sech géint d’Kritiken a punkto Pressefräiheet a Verfassungsgeriicht ze wieren. Rzeczpospolita ass di zweetgréisst sérieux Zeitung a Polen mat 2 Milliounen Lieser.

Den Diplomat schreiwt ënert dem Titel “Luksemburska hypokryzja”, also Lëtzebuerger Schäinhellegkeet, datt eis Land an deenen zwou Froen (Verfassungsgeriicht a Pressefräiheet) eigentlech besser sollt méi lues trëppelen. Dee neie Entworf fir eng Verfassung zu Lëtzebuerg schaaft nämlech d’Verfassungsgeriicht of. An de Lëtzebuerger Presserot an international Journalisteverbänn si Stuerm gelaf géint e Lëtzebuerger Gesetz, dat en zimmlechen Aschnëtt vun der Pressefräiheet bedeit. Et geet do ëm d’Ëmsetze vun enger EU-Directive iwwer d’Gläichstellung vu Mann a Fra am Gesetz vum 19. Juni 2012 (ÉGALITÉ DE TRAITEMENT ENTRE FEMMES ET HOMMES DANS L’ACCÈS À DES BIENS ET SERVICES ET LA FOURNITURE DE BIENS ET SERVICES). E Gesetz, wat de Fernand Kartheiser mat enger eegener Gesetzespropose wollt réckgängeg maachen, woumat hien awer an der Chamber net duerchkomm ass.

Deel dëse Post: