Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.
Den Här Familljeminister huet viru Kuerzem e Podcast lancéiert, deen sech un déi däitsch Grenzgänger, déi zu Lëtzebuerg schaffen, riicht. Dës Initiativ ass Deel vum „Biergerpakt“ a weist drop hin, wéi eng Rechter a Flichten d’Grenzgänger hunn. Wéinst der Bedeitung vun de Grenzgänger fir déi national Wirtschaft schéngt et ubruecht, méi detailléiert Informatiounen iwwert dës Initiativ ze kréien.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi wäert d’Regierung den tatsächlechen Impakt vun dësem Podcast op d’Integratioun vun däitsche Grenzgänger moossen?
- Wéi eng Indicateure kënne benotzt ginn, fir ze evaluéieren, ob Grenzgänger hir Rechter a Flichten dank dësem Podcast besser verstinn?
- Wat sinn d’Grënn, firwat d’Regierung de Podcast-Format an net en anere Medium gewielt huet?
- Wéi ee Budget gouf fir d’Produktioun vun dësem Podcast virgesinn, a wat ass d’Begrënnung dofir?
- Plangt d’Regierung änlech Initiative fir Grenzgänger aus anere Länner?
- Wéi kann d’Regierung dofir suergen, datt déi Informatioune fir all Grenzgänger zougänglech sinn, onofhängeg vun hirer Sprooch?
- Wéi goufen d’Theme fir de Podcast erausgesicht, a wie gouf consultéiert?
- Waren d’Grenzgänger selwer un der Konzeptioun vum Podcast bedeelegt?
- Plangt d’Regierung, sensibel Theme wéi Steieren oder Homeoffice transparent unzegoen?
Mat déiwem Respekt,