Planungssécherheet fir d’Betriber w.e.g.!

Och fir Betriber, déi am Kader vun der Corona-Pandemie net hu missen zou maachen, ass déi finanziell Situatioun alles anescht, ewéi gutt. Dacks si wéineg Opträg erakomm a vill Betriber waren deemno gezwongen, awer zouzemaachen an hir Mataarbechter weider ze bezuelen. Awer wéi laang left de Chômage partiel elo weider? Den Deputéierte Jeff Engelen fuerdert vun der Regierung Planungssécherheet fir d’Betriber. An enger mëndlecher Fro un de Minister Kersch well de Jeff Engelen an deem Kontext méi gewuer ginn.

Deel dëse Post: