Plangungssécherheet ass wichteg bei Infrastrukturaarbechten

Zefridden huet de Gast Gibéryen sech e Mëttwoch, den 12. Oktober an der Chamber gewisen, wat eng rezent Ännerung vun de Prozeduren tëscht Regierung an der Chamber ugeet. Et gëtt kaum nach Staatsbauprojeten, wou d’finanziell Plannung iwwer de Koup gehäit gëtt, seet den ADR-Deputéierten, zënter datt Projeten iwwer 40 Milliounen mussen als Gesetz duerch d’Chamber an datt Projeten iwwer 10 Milliounen am Virfeld op enger Lëscht virun d’Chamber kommen.

Esou eng Lëscht war och hei um Ordre du Jour. Punktuell huet de Gast Gibéryen Remarken zu dräi Bauprojete gemaach. Hie freet sech, op déi aktuell Nationalbibliothéik eng gutt Plaz ass fir Wunnenge fir jonk Leit ze schafen oder op net eng besser Plaz fir si hätt kinnte fonnt ginn. D’ADR trëtt och a fir eng N7 mat zwee Mol zwou Spueren fir eng méi sécher Stroosseverbuindung an de Norden. An de Gast Gibéryen mengt, datt et gutt ass, Passagéieren aktuell Reesinformatiounen op alle Garen ze ginn. Hie mengt awer net, datt een domat misst Tam-Tam maachen, well esou en Zerviss am Ausland scho gang und gebe ass.

Deel dëse Post: