[BEÄNTWERT] Plafonnement de l’index (fonction publique)

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Fonction publique weiderzeleeden.

Am Kader vun der aktueller Diskussioun iwwert e gedeckelten Index schéngt et mir wichteg ze sinn, fir dës Diskussioun kënnen objektiv ze féieren, datt een dofir eng  Rei vun zousätzlechen Informatioune brauch.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Wéi vill géif de Staat als Patron bei sengem Personal, aktiv a pensionnéiert, duerch e gedeckelten Index (2 Mol de soziale Mindestloun) op ee Joer aspueren? 
  2. Wéi vill géif de Staat als Patron bei sengem Personal, aktiv a pensionnéiert, duerch e gedeckelten Index (3 Mol de soziale Mindestloun) op ee Joer aspueren? 

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre déléguée à la Fonction publique et à la Réforme administrative

Deel dëse Post: