Phenomen vun den “illegale Schüler”

En Artikel am Lëtzebuerger Wort thematiséiert de Phenomen vu sougenannten “illegale Schüler”. Kanner, deenen hir Elteren sech illegal hei am Land ophalen an déi stëllschweigend mam Accord vun der Regierung hei an d’Schoul ginn. Allerdéngs gëtt deene betraffene Schüler mat dësem sougenannten humanitäre Geste kee Gefale gedoen. Scho wann hir Klass nëmmen op en Ausfluch an d’Ausland geet, mussen si aus noleiende Grënn doheem bleiwen. Wéi reagéiert d’Regierung op dës tragesch Konsequenze vun hirer Politik, fir Rechtsbrëch vun den Elteren och nach ze ënnerstëtzen amplaz de Leit duerch de Respekt vun de Gesetzer eng kloer Perspektiv mat alle Konsequenzen opzeweisen?

Deel dëse Post: