Personal- a Plazmangel am Geriichtswiesen

Personal- a Plazmangel am Geriichtswiesen: e Problem, deen d’Regierung erkannt huet, mee zu deem den Dan Hardy nach eng ganz Rëtsch Froen un d’Justizministesch huet.

Fro:

Am “Wort”-Artikel vum 30.06.2024 mam Titel “Es fehlt an Personal gegen die Finanzkriminalität” wéi och am “Wort”-Artikel vum 08.02.24 mam Titel “Zu wenig Richter, zu wenig Platz” gëtt ënnerstrach, datt et am Lëtzebuerger Geriichtswiesen u Personal an och u Plaz feelt. Wéinst dem Manktem u Riichtere brauchen d’Geriichtsaffären, virun allem um Verwaltungsgeriicht, extrem vill Zäit, bis si kënnen traitéiert ginn. Duerch déi feelend Plaz kënnt nach dozou, datt d’Privatsphär vun Affekot a Client net ëmmer adequat garantéiert ka ginn. Sou wéi dat zum Beispill um Familljegeriicht (Bezierksgeriicht Bouneweg) de Fall ass, wou Affekoten a Clienten oft zesummen an engem Waarderaum sëtzen, ier se erageruff ginn.

An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi huet sech d’Dauer vun de Prozeduren um Verwaltungsgeriicht an de leschte 5 Joer entwéckelt? Kéint d’Madamm Minister prezis Zuelen zu den duerchschnëttlechen Delaie vun de Geriichtsprozeduren um Verwaltungsgeriicht zur Verfügung stellen?
  2. Den Här Philippe Wadle huet den 08.08.24 um Radio 100,7 gesot, datt geplangt wier de Manktem u Riichteren a Magistraten allgemeng an den nächsten 3 Joer ze behiewen. Wat fir Moossname gi konkret geholl, fir dës Beruffer nach méi attraktiv ze gestalten? A wéiwäit wäerten dës Moossnamen d‘Delaie verkierzen? Huet d’Madamm Minister eng genee Zilsetzung, fir d’Geriichter och besser z’entlaaschten? Kéint d’Madamm Minister konkret Initiativen oder Reformen nennen, déi an dësem Kontext nach geplangt sinn?
  3. Ginn et spezifesch Ursaachen, déi zu dëse verlängerten Delaie féieren?
  4. Wéi verhält sech d’Dauer vun de Prozeduren um Verwaltungsgeriicht zu Lëtzebuerg mat där an aneren europäesche Länner? Kéint d’Madamm Minister eventuell Vergläichszuelen zur Verfügung stellen, fir d’Leeschtungsfäegkeet vun eisem Geriichtssystem am internationale Kontext ze bewäerten?
  5. Wéi gëtt d’Digitaliséierung am Geriichtswiese genotzt, fir Prozeduren ze beschleunegen? Ginn et Projeten oder Initiativen, déi d’Aféierung vun digitalen Tools oder Prozesser virgesinn, fir d’Effizienz vum Verwaltungsgeriicht ze verbesseren?
  6. Wier et net eng Iddi, fir Affekot a Client am Geriichtssall waarden ze loossen amplaz an engem Waarderaum? Wéi gedenkt d’Madamm Minister dësem Plazmangel entgéintzewierken? Wier et net eng Iddi, als Alternativ, schalldicht Berodungszëmmer am Waarderaum opzestellen, fir datt den Affekot an de Client sech schonn eng éischte Kéier kéinte privat beroden?

 

 

Deel dëse Post: