Fëscher-Permis: net gratis mä méi einfach!

Dem Roy Reding seng parlamentaresch Fro un d’Regierung a Saache Fëscherpermis war begleet vun der Suggestioun, d’Uschafe vum Permis esou einfach wéi méiglech ze maachen, z.B. iwwert den Internet oder mam Smartphone. D’Äntwert ass positiv: Et gëtt iwwerluecht eng Léisung iwwer Internet ze fannen. Manner positiv: D’Regierung wëll weider Sue fir de Schäin kasséieren.

Fir op alle Gewässer vu Lëtzebuerg däerfen ze fëschen, brauch een net manner wéi dräi verschidde Permisen. Dobäi kommen nach spezial Schäiner fir Bannegewässer, wann dës verpacht sinn an de Permis fir däitsch Grenzgewässer. Och fir d’Concourse sinn d’Bedingunge fir de Sammelschäi verschlechtert ginn. Dobäi kënnt, datt een am Prinzip muss op Esch oder op Dikrech fueren, fir de Joresschäin ofzehuelen. Bei der Lëscht vun de Gemengen, déi e Permis géifen ausstellen, gëtt et och vill Ongereimtheeten a vill Bürokratie. Dobäi sinn och nach d’Praïsser fir de Permis generell an d’Luucht gaangen.

Deel dëse Post: