Patientendonnéeën: Zuelen a Fakte wgl.!

An enger parlamentarescher Fro wëllen d’Alexandra Schoos an de Fred Keup méi gewuer ginn iwwert d’Patientendonnéeën zu Lëtzebuerg.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet a sozial Versécherung weiderzeleeden.

An enger parlamentarescher Fro N°3406 vum 8. Januar 2021 huet d’ADR-Fraktioun déi deemoleg Regierung eng Rei Donnéeë gefrot iwwert d’Nationalitéit vun de Patienten, déi zu Lëtzebuerg krankeverséchert sinn an hei behandelt ginn. An deem Kontext wär et intressant ze wëssen, wéi dës Zuelen sech säit dem Joer 2019 weider entwéckelt hunn.

An deem Kontext hätte mir follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi ass aktuell d’Opdeelung vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg sozial verséchert sinn, der Nationalitéit no? Wéi vill vun deene wunnen aktuell zu Lëtzebuerg a wéi vill wunnen am Ausland, a wou (Land)?
  2. Wéi vill Patienten, déi an de Joren 2022 an 2023 an der Noutopnam (Urgence) waren, waren Awunner vu Lëtzebuerg a wéi vill waren Awunner vun engem anere Land, a vu wéi engem Land? Wat fir eng Nationalitéit haten d’Patiente vun der Noutopnam, opgeschlësselt no de Joren 2022 an 2023?
  3. Wéi vill Patienten – opgeschlësselt no de Joren 2022 an 2023 – déi eng oder méi Nuechten an der Klinick hu misse verbréngen, waren Awunner vu Lëtzebuerg a wéi vill waren Awunner vun engem anere Land, a vu wéi engem Land? Wéi eng Nationalitéit haten d’Patienten?
  4. Wéi hu sech déi gefroten Zuelen an Donnéeë säit dem Joer 2019 entwéckelt?

Mat déiwem Respekt, Alexandra Schoos / Fred Keup – Deputéierten

Deel dëse Post: