Parlamentaresch Froen net op d’liicht Schëller huelen, w.e.g.!

De Gast Gibéryen huet eng parlamentaresch Fro iwwer parlamentaresch Froe gestallt. Kee Witz: An der Lescht huet d’ADR sech méi wéi eng Kéier doriwwer opgereegt, datt Froe vun Deputéierten (net nëmme vun der ADR) vu Regierungssäit auswäichend, ongenee oder iwwerhaapt net beäntwert gi sinn. Déi Ondugend mécht net un eise Grenzen halt. An Däitschland haten Oppositiounspolitiker aus där nämmlechter Onzefriddenheet mat hirer Regierung geklot. Si hu vum Bundesverfassungsgeriicht quasi op der ganzer Linn Recht kritt: Dat héchsten däitscht Geriicht huet ënnerstrach, wéi wichteg d’Kontrollfunktioun vum Parlament an enger Demokratie ass. Fir dës Kontroll kënnen auszeüben, war d’Parlament op d’Äntwerte vun der Regierung ugewisen. Esou Froen (an Däitschland “keleine Anfragen”) net ze beäntweren war deemno verfassungswidreg. De Gast Gibéryen freet deemno de Staats- a Premierminister Bettel, ob et net Zäit wier, seng Regierung op dësem Plang zu enger besserer Zesummenaarbecht ze ermonteren.

Deel dëse Post: