Parlamentaresch Fro zu Onrecht verworf

De Jeff Engelen stellt de 24. Abrëll eng parlamentaresch Fro iwwert de Clierfer Busarrêt bei der Gare, deen an den Ae vum Nord-Deputéierte ganz onglécklech geplangt gouf. D’Resultat war, datt dës parlamentaresch Fro vun der Chamber net acceptéiert gouf, well dëst anscheinend e Gemengeprojet ass. An der Äntwert op déi nei formuléiert Fro léisst de Minister Bausch elo awer duerchblécken, datt de Busarrêt wuel och vun der CFL an der Stroossebauverwaltung matgeplangt gouf. 

Grond genuch, dem Minister Bausch déi initial Fro nach eemol ze ënnerbreeden.

Deel dëse Post: