[Parlamentaresch Fro]: Wat seet d’Regierung zum Verkaf vum ARBED’s Gebai ?

Den 8. Oktober 2014 huet de Gast Gibéryen dës Fro gestallt:

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.

D’Lëtzebuerger Press mëllt, datt de fréiere Siège vun der ARBED an der neier Avenue vun Arcelor – Mittal soll un eng chinesesch Bank verkaf ginn.
Duerzou wéilt ech dem Här Premierminister dës Froe stellen:
1. Wéi eng Uweisungen huet d’Regierung dem Member am Verwaltungsrot vun Arcelor – Mittal, deen d’Interessien vum lëtzebuerger Staat als Aktionär vertrëtt, am Dossier vum Verkaf vum fréiere Siège vun der ARBED ginn?
2. Ass d’Regierung bereet, mam Proprietär ze verhandelen, fir dëst Gebai, dat eng immens Bedeitung fir d’lëtzebuerger Geschicht huet, fir de Staat ze kafen?

Hei d’Äntwert vum Premierminister.

Deel dëse Post: