[Parlamentaresch Fro] Wann de Wollef kënnt …

Ass Lëtzebuerg drop virbereet, dass de Wollef kinnt an d’Land zréckkommen? Dorëm dréit eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser vum 20. November 2014.  Abee, d’Äntwert läit elo vir. Och wa nët kloër schéingt, op oder wéini mer Besuch vum Wollef kréien, ass d’Äntwert awer esou präzis, dass mer Iech se nët wëlle virenthalen.

De Wollef breet sech elo zënter Joeren nees an Europa aus an eruewert seng aal Revéieren zréck. A Frankräich sinn no bei Lëtzebuerg schonn dräi därer Déieren nogewisen ginn, an och d’Eifel waart drop, dass d’Wollefsprësenz do nees confirméiert gëtt. An deem Kontext wollt ech der Madame Ëmweltminister an dem Här Agrarminister dës Froen stellen:

1) Ginn d’Wollefsmouvementer an eisen Nopeschlänner vun der Lëtzebuerger Regierung suivéiert a gëtt et Estimatiounen, wéini de Wollef zu Lëtzebuerg nees doheem wärt sinn?

2) Wéi preparéiert sech d’Land drop, dass de Wollef erëmkennt? Wéi ginn déi Baueren indemniséiert, déi Déieren gengen vum Wollef geholl kréien? Gëtt et Iwwerleeungen fir speziell Cloturen an Hënn ze finanzéieren, déi Hausdéieren an Agrarbetrieber virum Wollef kënnen schützen, esou wéi dat a Frankräich gemaach gëtt?

3) Wat fir eng Wollefspopulatioun kinnt fir Lëtzebuerg ouni Problemer gedroën ginn? A fir d’Groussregioun? Gëtt ët do grenziwwergräifend Iwwerleeungen an Koordinatioun? Wat fir legal Weeer gëtt ët, fir d’Populatiounen vun deem geschützten Déier ze reguléieren, z.B. am Fall vu Krankheet oder Iwwerpopulatioun?

4) Wat bedeit de Retour vum Wollef am Kontext vu Krankheeten, wéi zum Beispill der Tollwut?

Deel dëse Post: