Parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser: Fuddelt d’Tierkei beim Flüchtlingsaccord?

An engem “Spiegel”-Artikel vum 21. Mee kënnt et un den Dag. E Lëtzebuerger Delegéierten hat deemno an enger Reunioun am Kader vun der Migratiounskris zu Bréissel gesot, datt d’Tierkei beim Accord mat der EU fuddelt: Si schéckt fir déi illegal Migranten, déi se zeréckhëllt, haaptsächlech Flüchtlingen an Europa, déi entweder medezinesch Problemer hunn oder e ganz niddrege Bildungsniveau. A senger Fro geet de Fernand Kartheiser op méiglech Konsequenzen an a freet, op deen Accord esou iwwerhaapt nach besteet, op d’Tierkei nach weider Suen aus dem Accord ze gutt hätt an op wierklech weider iwwer den Tierkei-Bäitrëtt an d’EU soll verhandelt ginn an deem Land och nach Visa-Fräiheet garantéiert ginn.

Deel dëse Post: