[BEÄNTWERT] Loi portant incrimination des entraves à l’exercice de la justice

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Justizministesch weiderzeleeden.

Am Kader vum sougenanntene Bommeleeër-Prozess ass deslescht vill iwwert d’Gesetz vum 10. Juli 2011 (incrimination des entraves à l’exercice de la justice) diskutéiert ginn. Et si virun allem eng Rei Froen iwwert d’Genese vun deem Text opgeworf ginn.

Dowéinst wéilt ech der Madame Justizministesch dës Froe stellen:

  1. Huet d’Association des cadres supérieurs de la police (ACSP) en Avis un de Minister oder un d’Chamber geschéckt? Wann neen, firwat ass déi Gewerkschaft net gefrot ginn, fir en Avis zu deem Gesetzprojet ofzeginn ? Wa jo, wou ass deen Avis ze fannen?
  2. Huet de Service juridique vun der Direktioun vun der Police en Avis zu deem Gesetzprojet geschriwwen? Wann neen, firwat ass d’Direktioun vun der Police net gefrot ginn, fir en Avis zu deem Gesetzprojet ofzeginn ? Wa jo, wou ass deen Avis ze fannen?
  3. Falls déi Dokumenter nach am Justizministère sinn, kéint d’Madame Ministesch déi der Chamber communiquéieren?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Justice

Deel dëse Post: