[Parlamentaresch Fro] : HPV-Impfung och fir Jongen ?

An enger Fro un d’Gesondheetsministesch thematiséiert de Fernand Kartheiser d’Impfung géint den HPVirus. Den 18. November freet hien:
Et ass scho méi laang gewosst, dass den HPVirus net nëmmen fir jonk Fraen mais och fir jonk Männer e gewëssen Gesondheetsrisiko duerstellt. Bei der männlecher Bevölkerung ass dee Risiko nach eemol a verschiddenen Populatiounsgruppen (Aids-Kranker, verschidden Zorten vun Organtransplantéierten) méi grouss. Trotzdem gëllt d’Preventioun hei zu Lëtzebuerg ausschliisslech fir jonk Meedercher vun 12 Joer un no deene bekannten Regelen.
Dowéinst wollt ech der Madame Minister fir Gesondheet folgend Froen stellen:
1) Firwat gëtt et nach net, wéi an aner Länner, eng präventiv Impfung, déi jonke Männer géing proposéiert ginn?
2) Ass déi Méiglechkeet zu Lëtzebuerg ënnersicht ginn a wat sinn d’Resultater vun därer Analyse?
3) Besteet Kontakt mat aner Länner, déi dës präventiv Impfung proposéieren a wéi eng Conclusiounen kann een aus deenen Experienzen zéien?

Hei d’Äntwert vun der Madame Minister.

Deel dëse Post: