[PARLAMENTARESCH FRO] Centenaire de la Première Guerre mondiale

Madame Presidentin,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.

Op der ganzer Welt ginn Erënnerungszeremonien un de grousse Krich vun 1914 bis 1918 organiséiert. Och Lëtzebuerg ass, wann och ongewollt, an dës traureg Evenementer mat eragezu ginn.

Trotz der Neutralitéit hunn däitsch Truppe Lëtzebuerg besat. D’Lëtzebuerger hu vill Sacrificë missen erdroen, si hunn ënner Liewensmëttelknappheet gelidden an et si Bommen iwwert Lëtzebuerger Stied an Infrastrukture gefall, déi och Zivilaffer gefuerdert hunn. Op där anerer Säit hu vill Lëtzebuerger Jongen sech fräiwëlleg an den Arméie vun der Entente gemellt, ob an der Légion étrangère, dre belscher Arméi oder den American Expeditionary Forces. Eng ganz Rei vun hinnen hunn de Krich net iwwerlieft.

Och um sozialen a politesche Plang waren d’Joren 1914-1918 fir Lëtzebuerg eng ganz beweegten Zäit, wou um Enn esouguer d’Weiderbestoe vu Lëtzebuerg als souveräne Staat a Fro stoung.

Dowéinst wéilt ech dem Här Premierminister dës Froe stellen:

  1. Wéi eng offiziell Zeremonië plangt d’Regierung ze organiséieren fir, 100 Joer duerno, un den Éischte Weltkrich ze erënneren ?
  2. Wéi eng Pläng huet d’Regierung, fir dauerhaft un d’Evenementer vun 1914-1918 ze erënneren ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: