[PARLAMENTARESCH FRO] Projet “Eis Schoul”

Madame Presidentin,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Educatiounsministesch weiderzeleeden.

Laut Informatiounen, déi an der Gemeng Lëtzebuerg circuléieren, soll de Pilotprojet “Eis Schoul” um Enn vun dësem Schouljoer auslafen. Och wann dëse Projet d’Grondschoul betrëfft, esou ass en dach vum Educatiounsministère initiéiert a pilotéiert ginn. De Ministère dréit also och weiderhi Verantwortung fir d’Aschoule vun de Kanner, déi un dësem Pilotprojet deelgeholl hunn.

Dowéinst wéilt ech der Madame Educatiounsministesch dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Ursaachen hunn zum Enn vun deem Projet geféiert?
  2. Wéi vill Kanner waren zënter der Rentrée 2009, pro Schouljoer, an “Eis Schoul” ageschriwwen? Wéi hunn dës Kanner sech op déi verschidde Schoulklassen, respektiv Zyklen, verdeelt?
  3. Op wéi eng Klassen (secondaire classique, secondaire technique, modulaire, aner Schoulen am In- an Ausland) sinn d’Kanner no der Grondschoul an “Eis Schoul” orientéiert ginn?
  4. Wat huet de Projet “Eis Schoul” iwwert all déi Jore kascht, a wéi vill méi Käschte waren dëst am Verglach mat enger normaler Grondschoul?
  5. De Projet ass mam Argument vun der Fuerschung gefouert ginn. Wat si konkret Resultater aus där Fuerschung ? Wéi eng Publikatioune sinn an international unerkannte Fachzäitschrëfte publizéiert ginn?
  6. Ass et richteg, datt an Zukunft Fuerschung an Unterrecht net méi matenee solle kombinéiert ginn?
  7. Sinn, bei den Evaluatioune vum Projet, Vergläicher gemaach ginn tëschent dem Erreeche vu gewësse Kompetenzniveauen tëscht de Kanner vun “Eis Schoul” a Kanner aus anere Grondschoulen?
  8. Wéi eng Pläng huet de Ministère fir d’Kanner, déi am Ament an “Eis Schoul” ginn, fir d’Rentrée 2014-2015? A wéi engem Mooss ginn d’Servicer vun der Gemeng Lëtzebuerg bei dëser Ëmstellung ënnerstëtzt? Sollen dës Kanner, esou wäit wéi méiglech, nees an hir Quartiersschoul integréiert ginn?
  9. De Projet “Eis Schoul” huet besonnesch vill Ressourcen zougedeelt kritt, och fir de Volet Personal. Zur selwechter Zäit gëtt de Kontingent fir déi aner Schoulen an der Stad kontinuéierlech reduzéiert. A wéi engem Mooss kann d’Stad Lëtzebuerg mat zousätzleche Stonne rechnen, z.B. fir d’Kanner mat spezifesche Besoinen an hirer Quartiersschoul ze integréieren?
  10. Wéini sinn d’Enseignanten an d’Elteren informéiert ginn, datt de Projet ausleeft? Wéini ass de “Conseil d’école” informéiert ginn?
  11. Kritt den Aus vum Pilotprojet “Eis Schoul” Repercussiounen op de Projet “Neie Lycée”?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: