[PARLAMENTARESCH FRO] Besteierung bei privater Benotzung vun Déngscht- respektiv Firmeween

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Am Deontologiekodex fir d’Regierungsmemberen, deen den 1. Januar 2014 a Kraaft getrueden ass, ass ënnert anerem festgehale ginn: „Les voitures mises à disposition des membres du Gouvernement sont des voitures de fonction et peuvent être utilisées à des fins privées tant au Luxembourg qu’à l’étranger“.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Finanzminister dës Froen zur Besteierung bei privater Benotzung vun Déngscht- respektiv Firmeween stellen:

  1. Kann den Här Minister confirméieren, datt e Salarié, wann hien en Déngscht- respektiv e Firmewon däerf privat benotzen, dann op deen „geldwerten Vorteil“ (avantage en nature) muss Steiere bezuelen? Wa jo, wéi vill?
  2. Kann den Här Minister confirméieren, datt Fräiberuffler hire Won steierlech nëmme kënnen ofsetzen op deen Deel, deen si net privat benotzen? Wéi héich ass an der Moyenne déi „reprise privée“, déi d’Steieramt fir déi privat Notzung ofzitt?
  3. Mussen och d’Regierungsmemberen op dësen „avantage en nature“ Steiere bezuelen?
  4. Wa jo, wéi ginn déi berechent? Wann neen, wëll dës Regierung insgesamt bei privater Benotzung vun Déngscht- respektiv Firmeween méi coulant ginn an esou en Avantage an Zukunft net méi besteieren, respektiv bei Fräiberuffler déi komplett steierlech Ofsetzbarkeet aféieren?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding,

Député

Deel dëse Post: