PAG-Stad Lëtzebuerg: vill Pläng awer keen Zukunftsplang!

„Vill Pläng awer keen Zukunftsplang“: esou huet d’ADR-Conseillère Marceline Goergen den neie Bebauungsplang an der Stad resuméiert. D’ADR-Stad wäert sech beim Vote zum neie PAG enthalen, well doranner kee politesche Wëllen ze erkennen ass, a wéi en Richtung eis Haaptstad sech soll entwéckelen. D’Prognose vun enger Stad mat 150 000 Awunner an 250 000 Aarbechtsplaze ginn net vun der DP-Déi Gréng Majoritéit hannerfrot, d’Bierger ginn net gefrot op se dës Evolutioun wëllen.

Den neie PAG vun der Stad iwwerhëlt gréisstendeels de „Joly Plang“, gëtt awer – och duerch d’Gesetzer déi zanter 2004 gestëmmt gi si – manner iwwersichtlech a méi komplizéiert. Bei der schwéierer a laangwiereger Prozedur hunn déi politesch Verantwortlecher et verpasst, sech konkret Mëttelen ze ginn, fir d’Evolutioun vun der Stad mat ze bestëmmen.

Wéi vill Leit sollen an der Stad wunnen? A wéi engem Zäitraum soll dëse Wuesstem geschéien? Wéi eng „mixité sociale“ gëtt ugestrieft a wéi soll deen erreecht ginn? Op dës Froe gëtt et kaum Äntwerten. Et ginn nei Quartieren ausgewisen, meeschtens ouni Plaz fir Schoulen oder soss ëffentlech Gebaier oder Installatiounen. Net eng eenzeg nei Plaz ass ausgewise fir Alters- oder Seniorenheemer…

Vill nei Awunner, nach vill méi nei Aarbechtsplaze gi virausgesot, awer – ausser dem Tram deen esouguer laut Spezialisten nëmme „wéineg“ Erliichterung bréngt – wéisst de PAG kee globaalt Mobilitéitskonzept aus. Dofir fënnt een awer an den Dokumenter d’ Prognosen, datt all d’Stroossen ( och den neie Boulevard de Merl) wäerten total iwwerlaascht bleiwen. Hei fuerdert d’ADR weider de Bau vum „City Tunnel“, fir effektiv der Mobilitéit eng zousätzlech grouss Kapazitéit bäizeginn.

Well et net duer geet, fir Kaarte mat Faarf a Strécher ze iwwerlueden, fir der Stad Lëtzebuerg eng Zukunft mat Liewensqualitéit fir all Bierger ze ginn, a well d’ADR-Sektioun Stad op d’Reaktioun vun der Bierger wëll lauschteren, huet d’Marceline Goergen dem neie PAG vun der Stad Lëtzebuerg net zougestëmmt.

D’ADR Sektioun Stad mécht un Appell un d’Awunner, un den Informatiounsversammlungen iwwert den neie PAG deelzehuelen an déi Reklamatiounen eran ze ginn, déi zu Verbesserungen an hirem Quartier bäidroen.

– Sektioun Stad –  Pressematdeelung vum 13. Juni 2016

Deel dëse Post: