De Fernand Kartheiser huet d’Fro vum fréiere Klouschter Cinqfontaine opgeworf. Hei waren am Zweete Weltkrich déi Judden ënnerbruecht, ier se deportéiert goufen. D’Fro vum ADR-Deputéierten iwwert eng Kennzeechnung vun därer Plaz am Kader vum “Sentier des Passeurs”, deen do laanscht leeft,  gouf beäntwert vun der Ëmweltministerin Carole Dieschbourg an der Kulturministesch Maggy Nagel.